1 Abo und 1 Abonnent
Radio-Beitrag

"Arrêtez, tous les deux!"

Knapps zwou an eng hallef Stonn huet de leschten Debat virum zweeten Tour vun e Sonndeg gedauert. De roude Fuedem vum Owend war vum éischte Saz u gezunn. Während den Emmanuel Macron probéiert huet, seng ekonomesch a politesch Visiounen ze presentéieren, huet d'Marine Le Pen sech dorop konzentréiert, hirem Kontrahent d'Loft aus de Seegelen ze huelen. Dat ass hir awer nëmme seele gelongen. De Kandidat vun En Marche! konnt d'Argumentatioun vun der FN-Cheffin reegelméisseg demontéieren.

Fir hir Steierreformen ze finanzéieren, well d'Marine Le Pen d'Importer taxéieren. Wéi et am Debat kuerz drop ëm sozial Déngschtleeschtunge goung, huet si méi bëlleg Medikamenter fir jidderee gefuerdert. "Do hunn ech awer eng schlecht Nouvelle", huet den Emmanuel Macron ënnerbrach, "80 Prozent vun de Medikamenter hei a Frankräich ginn am Ausland produzéiert. A genee deen Import wëll Dir taxéieren."


Och an der Diskussioun ëm de Pensiounsalter huet d'Argumentatioun vun der Politikerin vum Front National gewackelt. D'Marine Le Pen proposéiert, datt all Fransous mat 60 Joer oder 40 Cotisatiounsjore kann an d'Pensioun goen. Op d'Fro vum TF1-Journalist Christophe Jakubyszyn, ob dës Ännerung direkt no de Wahle soll antrieden: "Neen, dat ass e Projet fir déi ganz Legislaturperiod." Den 11. Abrëll hat d'Marine Le Pen d'Mesure nach zu deenen zéng wichtegste gezielt, déi si an den éischten zwee Méint vun hirer Amtszäit géing ëmsetzen.


https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/debat-presidentiel-2-tour