De Frédéric Braun trëfft op de Jo Nousse, Sänger vu La Schlapp sauvage an Awunner vu Sierck-les-Bains. Bei eise franséischen Nopere goufen déi regional Sprooche laang ënnerdréckt. Virun allem nom Krich war et de Katalanen, Elsässer, awer och de lëtzebuergeschsproochege Loutrenger ënner Strof verbueden hir Mammesproochen ze schwätzen. Och dem Jo Nousse ass et net anescht ergaangen.
Radio-Beitrag