D'Biergerrechtsaktivistin Rosa Parks huet d'Geschicht verännert, wéi si
1955 zu Montgomery am US-Bundesstaat Alabama refuséiert huet, fir engem
Wäissen am Bus hir Plaz ze ginn. E puer Joerzéngte spéider sollt d'Haus,
an dem si mat hirer Famill zu Detroit gewunnt huet, ofgerappt ginn. De
Kënschtler Ryan Mendoza huet et elo zu Berlin erëm opgebaut. D'100,7
Berlin-Korrespondentin Sarah Pepin huet d'Haus gesinn a sech mam
Kënschtler ënnerhalen
Original
Original