Déi afrikanesch filmesch Avant-garde ass wéineg bekannt; zu Onrecht. De
Jean-Pierre Bekolo, ee kamerunesche Regisseur, definéiert d’Regele vum
Film a sengen Wierker nei. Mysteriéis Musek, Fraen déi iwwert dem Buedem
schwiewen, futuristesch Brëller: dem Bekolo seng Léift gëllt dem
Experimentéieren. D’Sarah Pepin huet de Jean-Pierre Bekolo zu Berlin
getraff.
Original
Original