Mäi gudde Virsaz fir d'neit Joer steet fest: Ech ruffen all deenen Institutiounen a Servicer un, déi mech a Bréiwer oder E-Mailen ëmmer nach mat Mademoiselle uschreiwen.
Et gëtt nämlech Zäit, dass sech dat ännert! Ëmmerhin ass Mademoiselle am Februar 2012 offiziell aus dem administrative Franséisch gestrach ginn. An de Formulairen - esou ass et viru 7 Joer entscheet ginn - ass eng erwuesse Fra eng „Madamm". Nëmmen ee Mount drop huet sech och de Grand-Duché dëser Reegelung ugeschloss. An der Realitéit, egal ob an der geschriwwener oder der geschwater Sprooch, gesäit et awer leider anescht aus. Sief et an der Bäckerei, am Bus oder gären och bei Interviewen. Et schéngt ee mir unzegesinn, dass ech net bestuet sinn. Ganz gäre gëtt och déi Lëtzebuergesch Versioun „Joffer" benotzt.
Ma ech hat scho virun e puer Joer an enger Lëtzebuerger Dageszeitung, fir déi ech fräi geschafft hunn, iwwer dëst Phenomen geschriwwen. An och wann an de leschte Jore vill iwwer d'Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter geschwat a gestridde ginn ass... d'Mademoiselle lieft bei eis am Land monter weider.
Fakt ass awer, dass déi männlech Matmënschen all Monsieure sinn, egal ob bestuet, gepaxt oder net. Wisou spillt dëse gesellschaftleche Konstrukt da bei ons Fraen esou eng wichteg Roll? Bei engem Mann kënnt keen op d'Iddi, hien doriwwer ze definéieren, ob en um Hochzäitsmarché nach ze kréien ass oder net.
An enger moderner Gesellschaft, an där et eigentlech keng Roll méi dierft spillen, ob ee bestuet oder gepaxt ass oder eben net, gëtt een als Fra awer ëmmer nach doriwwer definéiert. Mademoiselle - oder Joffer - soen aus, dass eng Fra eng Etapp nach net erreecht huet, et kléngt iergendwéi mannerwäerteg. Eréischt duerch eng Liaisoun mat enger anerer Persoun gëtt eng Fra eng „Madamm". Eleng bleift si eben um Träpplek drënner hänken.
Et ass vläicht just e klengt Wuert, ma et seet awer vill iwwer ons Denkweis - an natierlech och iwwer ons gesellschaftlech Struktur - aus.
An un all déi, déi elo an de Kommentaren op de sozialen Netzwierker froen, ob mir hei zu Lëtzebuerg keng aner Problemer hunn: Jo! Mä mir geet et einfach dorëms, als Fra net nom Familljestand definéiert ze ginn. An ech fannen, dat ass och mäin gutt Recht!