1955 zu Johannesburg a Südafrika gebuer, gëllt de William Kentridge als ee vun de wichtegsten zäitgenëssesche Kënschtler. Säi Wierk, dat sech op der Kräizung tëschent Zeechnung, Theater, Oper a Film beweegt, huet hien iwwer 40 Joer weiderentwéckelt. Déi Wierker, déi am Kader vum " red bridge project" gewise ginn, sinn nei oder rezent a verbannen Zeechnung, Skulptur, Film, grad wéi Video an Touninstallatiounen. De Frédéric Braun mat Detailer
Frédéric Braun
freelance journalist
Radio feature