"Vun Hoffnung ass a Griicheland näischt méi z'erkennen." Sou beschreift d'Journalistin Alkyone Karamanolis d'Stëmmung am Land. Den Euro-Sommet, wou déi griichesch Regierung weidere Spuermesuren a Strukturreformen zougestëmmt huet fir kënnen an der Eurozone ze bleiwen, wier een "däischtere Moment an der griichescher an europäescher Geschicht."
D'Griicheland-Korrespondentin geet dervun aus, dass dat griichescht Parlament muer geplangt en éischten Deel vum Mesurëpak stëmmt. D'Bevëlkerung géif dat wahrscheinlech kuerzfristeg och akzeptéieren, mee d'Leit wiere verzweiwelt. Et misst ee sech froen, wéi wäit een eng Demokratie ka belaaschten.
Wéi déi politesch Situatioun sech weider entwéckelt, wier schwéier anzeschätzen: Wann Syriza sou net weider mécht, kéint et zu enger grousser Koalitioun, enger Technokrateregierung, oder och Neiwahle kommen. Et kéint sinn, dass de Premier Alexis Tsipras strategesch Fehler gemaach huet. Mee vläit gouf et och vun Ufank un keng Chance hat ee besseren Deal fir säi Land erauszeschloen, betount d'Journalistin. Déi griichesch Regierung wier déi eenzeg an der Eurozone, déi ee keynesianesche Wirtschaftsmodell propagéiert. Dogéint géifen déi aner Länner mat alle Mëttele kämpfen.
Wat déi sozial Situatioun a Griicheland ugeet, mécht d'Alkyone Karamanolis drop opmierksam, dass et nieft akuten Enkpäss (z.B. bei de Medikamenter) och strukturell Problemer ginn: dräi Millioune Griichen hätte keng Form vu Krankeversécherung méi.
D'Alkyone Karamanolis ass an Däitschland gebuer an huet do studéiert an als Journalistin geschafft. Zënter iwwer zéng Joer bericht si elo aus Griicheland, dat ënnert anerem als Korrespondentin fir den Deutschlandradio, an fir déi ëffentlech-rechtlech Radioen an der Schwäiz an an Éisterräich.
Den Interview vum Pia Oppel mat der Alkyone Karamanolis:
http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/karamanolis-fir-blog.mp3