An der Zäit vum Kale Krich waren d'Ost-West Bezéiungen eng kriddeleg Ugeleeënheet.
Am gedeelten Däitschland huet sech dës Spannung besonnesch staark gewisen. Well West-Berlin vun der DDR ëmgi war, gouf Bonn zu der West-däitscher Haaptstad. Lëtzebuerg ass zu där Zäit vum Ambassadeur Adrien Meisch zu Bonn vertruede ginn.
An de Memoirë vum Adrien Meisch gëtt séier kloer: D'Ost-West-Bezéiungen an d'Musek zéie sech duerch säi ganzt Liewen. Dacks huet hie Museker a seng Ambassade invitéiert oder selwer Pianosconcerte gespillt.
D'Musek als groussen Atout an enger Zäit, an där et net ëmmer einfach war, d'Kommunikatioun tëscht Ost a West oprecht ze erhalen. E Botschafter an der DDR hat Lëtzebuerg net. Ma och vu Bonn aus huet sech d'Ëffnung vum kommunistesche Staat fir den deemolege Lëtzebuerger Ambassadeur ugekënnegt.
An den Deeg duerno war et onkloer, wéi d'Sowjetesch Unioun géing reagéieren. Dës Ongewëssheet huet sech dunn awer an d'Reunifikatioun vun Ost- a West-Däitschland verwandelt. An zënterhier huet sech och Europa verännert.
Et war eng Zäit mat ville Verännerungen, déi d'Diplomatie erausgefuerdert hunn. De fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur huet awer och ganz perséinlech Erënnerungen un de Mauerfall.
Den Adrien Meisch war nieft Bonn och Lëtzebuerger Ambassadeur zu Washington a Moskau. Mä egal ob am Osten oder am Westen, iwwerall huet d'Musek gehollef, iwwer d'Grenzen ewechzekucken.