Um Internetsite guichet.lu fënnt ee jo Informatiounen zu administrativen Demarchen. Wéi kann ech Facturen un d'Gesondheetskeess aschécken oder e Gebuertsschäin ufroen? Erklärungen zu dësen Demarchë gëtt et zanter e puer Wochen och op enger méi einfacher a besser liesbarer Sprooch.
An esou kléngt en Text an liichter Sprooch: „Die Krankenkasse ist wie eine Versicherung. Ein anderer Name für Krankenkasse ist: Gesundheits-Kasse. Die Krankenkasse bezahlt für bestimmte Sachen, wenn Sie krank sind oder wenn Sie schwanger sind."
Eng Introduktioun fir den Artikel "Wéi kréien ech meng Sue vun der Krankekeess zeréck?" vu guichet.lu. Ma bis et zu der Publikatioun vun esou engem Text kënnt, muss en vum Büro Klaro, e nationale Service fir barrièrefräi Kommunikatioun, gepréift ginn. Hei schaffen och Leit, déi d'leichte Sprache an hirem Alldag gebrauchen. Esou soll erausfonnt ginn, ob d'Texter och wierklech verständlech sinn. D'Mallory Graffé an d'Jessica Berchem gehéieren och zum Préifgrupp vum Klaro:
Schwéier Wierder ginn ëmgeschriwwen an ze laang Sätz gekierzt. Mee och fir Leit, déi net liese kënnen, gesäit d'"Leichte Sprache" eng Hëllef fir. Och dat gëtt vun der Préifgrupp kontrolléiert, erkläert d'Jessica Berchem:
Biller gehéieren zu der liichter Sprooch dobäi. Op guichet.lu ass bei all Schrëtt deen ee maache muss fir zum Beispill kënnen eng Buskaart fir den Adapto unzefroen, en Bild. Ma et wier wichteg, dass d'Informatiounen och an enger méi einfacher Form weidergi ginn, fënnt d'Sylvie Bonne, si ass Responsabel vum Klaro:
An den éischte Feedback vun den Utilisateuren ass positiv. Elleng dëse Mount zielt guichet.lu 3000 Opriff vun den Internetsäite mat den Artikelen a „Leichter Sprache". D'Artikele sinn op Däitsch, well Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung et dacks méi einfach fannen, déi Sprooch ze liesen, an der si fir d'éischt alphabetiséiert goufen.
Ma virun allem sollen awer nach eng Partie Texter bäikommen, erkläert de Patrick Houtsch, Direkter vum CTIE:
Et soll awer éischter a Richtung méi Texter goen, rechent de Patrick Houtsch. Mat den Informatiounen a liichter Sprooch gëtt e wichtege Schrëtt a Richtung Inclusioun gemaach.
Wat ass KLARO?