Ronderëm d'Ofliewe vum Gauleiter Simon ginn et esou munch Legenden. Ee Personnage, dee sécher aus éischter Hand doriwwer ze beriichte gewosst hätt, well en an alle Quellen zu dësem Theema optaucht, ouni awer bis haut spezifesch Berücksichtegung fonnt ze hunn, ass d'Capitaine Leone Muller.
De Frédéric Braun mat enger Spueresich vun der Agentin, UNO-Mataarbechterin an Iwwersetzerin.