0 subscriptions and 0 subscribers
Presentation

Konferenz "Ausgrenzung duerch Sprooch"

Sprooch ass ee Kommunikatiounsmëttel, dat d'Integratioun ka fërderen, mä och kann ausschléissen.

Intervenanten (v.l.n.r.): Melanie Noesen, Enseignante Fernand Fehlen, Soziolog Sabine Ehrhart, Ethnolinguistin Sonja Kmec, Historikerin


Sprooch ass ee Kommunikatiounsmëttel, dat d'Integratioun ka fërderen, mä och kann ausschléissen. An den aktuellen Diskussioune ronderëm d'Sprooch gëtt vill iwwer Identitéit an iwwer den aktuellen Zoustand vum Lëtzebuergesche geschwat - dobäi ass den Enjeu vill méi grouss. Mir wëllen zesumme kucken, a wéi eng Richtung sech d'Sproochen-Debatt grad beweegt an da probéieren hier déi noutwenneg Sachlechkeet zeréckginn. Zwee Konzepter, d'Integratioun iwwert eng gemeinsam Sprooch an d'Integratioun iwwer Méisprochegkeet solle praxis-orientéiert a kontrovers diskutéiert ginn. Dofir sollen d'Sproochen an der Schoul an a weideren zentrale Beräicher am ëffentleche Liewen op hier integréierend oder ausgrenzend Roll hin iwwerpréift ginn. - Schoul: Wéi eng d'Vir- an Nodeeler bidd eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch oder eng op zwou Sprooche? Wéi solle Sprooche behandelt ginn, fir Bildungsgerechtegkeet bei de Kanner ze garantéieren? - Weider Beräicher: Schléisst d'Feele vum Lëtzebuergeschen an den Administratioune Mënschen aus? Ass d'Sprooch e Muechtinstrument innerhalb vu Firmen? Wéi eng progressiv Propose gëtt et, fir hei Sproochenbarrieren ofzebauen?