Egal op eng Aarbecht an den EU-Institutiounen oder an de Finanzen. Lëtzebuerg ass fir vill Auslänner nach ëmmer The Place to be.
Nach ni si sou vill Leit op Lëtzebuerg agewandert wéi an de leschte Joeren. Leit déi natierlech bei eis kommen, well se hei eng Aarbecht fannen. Et gi souguer spezialiséiert Relocatiouns-Firmen, déi dëse Leit hëllefen sech anzeliewen. Viru kuerzem gouf och d'Patronne vun sou enger Firma zur Woman Business Manager of the Year gewielt. D'Carole Gaspari ass dat! Am Kapital vun haut léiere mir eng Koppel kennen déi och wéint der Aarbecht hei hi geplënnert as. Firwat grad Lëtzebuerg? Wéi integréieren si sech? A wëllen se och permanent hei bleiwen?
Zum Original